Hëllef a Bäistand (#14244)

O Gott, Däin Ubléck ass d‘Zil vu menger Ubiedung! Deng Schéinheet ass helleg fir mech, Deng Wunneng; wat ech sichen, Däi Luef meng Hoffnung, Däi Plang meng Begleedung, Deng Léift de Grond firwat ech do sinn, Däin Numm ze nenne mäi Gléck, no bei Dir ze sinn wourop ech waarden, Deng Präsenz mäi stäerkste Wonsch a mäin héchst Verlaangen. Ech bieden Dech vu ganzem Häerz, verwier mir net, wat s Du den Auserwielte vun Dengen Dénger verschriwwen hues, a versuerg mech mat de Saachen, déi an dëser an an der nächster Welt gutt fir mech sinn.

Du bass wierklech alle Mënschen hire Kinnek. Et gëtt kee Gott ausser Dir, Deen, deen ëmmer nees verzeit, dee Generéisten.

-Bahá'u'lláh
-----------------------

Hëllef a Bäistand (#14245)

O mäi Gott! Ech froen dech, bei Dengem herrlechsten Numm, mir an deem ze hëllefen, wat d’Ugeleeënheete vun Dengen Dénger zum Erfolleg féiert, an Deng Stied erbléien deet. Du hues wierklech Muecht iwwer alles.

-Bahá'u'lláh
-----------------------

Hëllef a Bäistand (#14246)

O Du Allmächtegen! Gëff Denge Schwaachen Deng Stäerkt, a belief déi, déi wéi dout sinn, fir dass si Dech fannen, zum Weltmier vun Denger Féierung geleet ginn a standhaft an Denger Saach bleiwen. Wann sech den Doft vun Dengem Luef an enge vun de verschiddene Sprooche vun der Welt, aus dem Osten oder Westen, verbreet, da gëtt dës Sprooch wierklech héich geschat a veréiert. Sollten esou Sproochen dësen Doft awer net hunn, da wäre si sécher net derwäert ernimmt ze ginn, sief et a Wierder oder och nëmmen a Gedanken.
O Vorseeung, mir bieden Dech, weis alle Mënschen Däi Wee a féier si. Du bass wierklech, den Allmächtegen, de Stäerksten, den Allwëssenden, Deen, deen alles gesäit.

-Bahá'u'lláh
-----------------------

Hëllef a Bäistand (#14247)

O Här, raum net de festlechen Dësch of, deen an Dengem Numm gedeckt ass, an erstéck net déi brennend Flam, déi Däi Feier, wat net ze läschen ass, ugestach huet. Hal net de Stroum vun Dengem beliewende Waasser zeréck, dat mat der Melodie vun Denger Herrlechkeet an Dengem Gedenke plätschert, an enthal net Dengen Dénger de Geroch vun Denge séissen Aromaen, déi den Doft vun Denger Léift ausootmen.
Här! Verwandel déi bedréckend Suerge vun Dengen hellegen Dénger a Rou, hir Plo an Trouscht, hir Erniddregung an Herrlechkeet, hiert Leed a gléckséileg Freed, o Du, deen s Du d’ganz Mënschheet an der Gitt häls.
Du bass a Wierklechkeet deen Een, den Eenzegen, de Mächtegen, den Allwëssenden, den Onendlechweisen.

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

Hëllef a Bäistand (#14248)

Hien ass de Baarmhäerzegen, de Ganzgeneréisen! O Gott, mäi Gott!
Du gesäis mech, Du kenns mech; Du bass mäin Hafen a mäin Ënnerdaach. Ech hu kee gesicht a wäert kee sichen ausser Dir. Kee Pad hunn ech betratt a kee wäert ech betrieden ausser de Pad vun Denger Léift. An der däischterer Nuecht vun der Verzweiwlung dréit sech mäi Bléck voll Erwaardung a voll Hoffnung dem Muere vun Denger Gonscht, déi ouni Grenzen ass, zou, a moies, wann et hell gëtt, gëtt meng mackeg Séil erfrëscht a gestäerkt am Gedenken un Deng Schéinheet a Vollkommenheet. Wiem d’Gnod vun Dengem Erbaarmen hëlleft, dee gëtt, a wär en och nëmmen eng Drëps, zu engem onendleche Mier, an de klengsten Atom wäert, ënnerstëtzt duerch d’Ausgéisse vun Denger Léift a Guttheet, wéi e stralende Stär liichten.
O Du Geescht vun der Rengheet, Du, deen eis generéis mat allem versuergt, stell Däi begeeschterten an entflaamten Dénger ënner Däi Schutz. Hëllef him an dëser Welt, standhaft a bestänneg an Denger Léift ze bleiwen, an erlab dësem Vugel, deem seng Flilleke gebrach sinn, Schutz an en Ënnerdaach, an Dengem hellegen Nascht um himmlesche Bam, ze fannen.

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

Hëllef a Bäistand (#14249)

O Du onsiichtbare Frënd!
O Verlaange vun allem an dëser Welt an der Welt, déi kënnt! O Du Baarmhäerzegen, dee mir gär hunn! Dës hëlleflos Séile si vun Denger Léift gefaangen an dës Schwaach sichen Ënnerdaach un Denger Schwell. All Nuecht keimen a jéimere si, well si wäit ewech si vun Dir an all Muere bekloen se sech a kräische wéinst den Ugrëff vun de Béiswëllegen. Si ginn zu all Moment mat neie Quale gepéngegt, a gi bei all Otemzuch duerch d’Tyrannei vu sämtlechen iwwelen Ënnerdrécker schwéier gepréift. Sief gelueft, datt si trotzdeem wéi en Tempel aus Feier brennen an herrlech blénke wéi d’Sonn an de Mound. Si sti stolz, wéi erhuewe Banneren an der Saach vu Gott, a stierme wéi daper Reider an d’Arena. Si hu geblitt wéi séiss Bléien a si voller Freed wéi déi laachend Rous. Duerfir, o Du, deen eis versuergt a gär huet, stéi dësen hellege Séile gnädeg bäi duerch Deng himmlesch Gnod, vun Dengem Räich gewäert an erlab, datt dës helleg Wiesen d’Zeeche vum Allerhéchsten offenbare kënnen. Du bass de Generéisten, de Matleedvollen, de Gnädegsten, de Baarmhäerzegen.

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

Hëllef a Bäistand (#14250)

O baarmhäerzege Gott!
O Du, den Allmächtegen! Ech sinn nëmmen e schwaachen Dénger, daierlech an hëlleflos, awer ech gouf am Schutz vun Denger Gnod a Gonscht groussgezunn, un der Broscht vun Denger Baarmhäerzegkeet geniert, an am Schouss vun Denger Léift a Guttheet opgezillt. O Här! Esou aarm a bedierfteg ech och sinn, kënnt dach jidder Bedierftegen zu Wuelstand duerch Deng Mëtschgiewegkeet, wärend all déi Räich ouni Deng Gonscht, wierklech aarm a verlooss sinn.
O gëttlech Vorseeung! Schenk mir d’Kraaft dës schwéier Laascht ze droen a befäeg mech dëst héchst Geschenk ze behidden, well d’Gewalt vun de Prüfungen esou staark ass an de Stuerm vun de Schwieregkeeten esou wéi deet, dass all Bierg zu Stëbs zerfält, an déi héchst Spëtz sech zu näischt opléist. Du weess ganz genau, dass ech a mengem Häerz näischt aneres siche wéi Däi Gedenken, an a menger Séil näischt aneres begiere wéi Deng Léift. Erhief mech, fir deenen, déi Dech gären hunn, ze déngen, a looss mech fir ëmmer, Dir ënnerworf, un Denger Schwell wunnen. Du bass Deen, dee gären huet. Du bass den Här, dee räichhalteg beschenkt.

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

Hëllef a Bäistand (#14251)

O Du Allmächtegen Här!
Mir sinn all am mächtege Grëff vun Denger Muecht gehalen. Du bass eisen Ënnerstëtzer an Deen, deen eis hëlleft. Gewär eis Däin zaart Erbaarmen, schenk eis Deng Generositéit, maach d’Paarte vun Denger Gnod op a werf de Bléck vun Denger Gonscht op eis. Looss eng beliewend Lëftchen iwwer eis blosen an erfrësch Du eis Häerzer, déi verlaangeren. Erliicht eis Aen a maach d’Hellegtum vun eisen Häerzer zum Näid vun all bléiendem Gaart. Erfree jiddwer Séil a begléck all Geescht. Offenbar Deng uréiweg Stäerkt a maach Deng grouss Muecht siichtbar. Maach, dass d’Vigel vun de mënschleche Séilen zu neien Héichten eropschwiewen a looss Deng Vertrauter an dëser niddreger Welt d’Geheimnisser vun Dengem Räich ergrënnen. Stäerk eis Schrëtt a schenk eis standhaft Häerzer. Mir sënnegen, an Du bass den Ëmmerverzeienden. Mir sinn Deng Dénger an Du bass den Herrscher, den Här. Mir si Wanderer ouni Heem an Du bass eisen Hafen an eisen Ënnerdaach. Duerch Deng Gnod, hëllef a stéi eis zur Säit, Däi séissen Doft ze verbreeden an Däi Wuert ze verherrlechen. Erhéich de Stand vun deenen, déi alles ewechgeholl kruten a schenk deenen ouni Mëttel Däin onerschëpfleche Schaz.
Vermaach de Schwaachen Deng Stäerkt a bewëlleg de Gebriechlechen Deng himmlesch Kraaft. Du bass Deen, dee versuergt, Du bass de Gnädegen, Du bass den Här, deen iwwer alles herrscht.

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

